Erzéier (m/w/x) 100% CDI - Domaine Schoumansbongert

Fondation Kräizbierg – Luxemburg

Äre Profil :

  • Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier
  • Dir beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
  • Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
  • PC-Kenntnisser (Office Tools) Ärerseits sinn vun Virdeel
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
  • Erfarungen am Beräich vu kierperleche Behënnerungen si vu Virdeel

Dir sidd interesséiert:

  • Persounen mat enger Behënnerung sozial ze ënnerstëtzen, hinnen a hirer Kommunikatioun an Besoine bäizestoen
  • individuell Betreiung, wéi och Aktivitéiten an enger Grupp vun interesséierte Bewunner ze gestalten an ze organiséieren
  • äert Aarbechtsfeld mat Ofsprooch vun der Equipe selbstänneg a verantwortlech ze gestalten
  • d'Equipe bei Fleegemoossnamen ze ënnerstëtzen

Mir bidden:

  • ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS, Carrière C4 (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
  • eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
  • an encouragéieren Är professionell Weiderbildung

R.C.S. Luxembourg : G 34

Réf. FK2652