Agent éducatif oder Éducateur diplômé zu Miersch, Gralingen oder Alzéng - CDI 50% bis 100%

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERGKonz

CDI 50 - 100% (m/w/d)Fir eis verschidde Strukturen am Land
Miersch - Gralingen - Alzeng
Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecherwäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelenan e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)
  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
  • Dir hutt de Führerschäin (B)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)
  • Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif
  • Liewenslaf mat Foto
  • Kopie vum Diplom
  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.